De Premier huet awer den Opruff gemaach, weiderhi virsiichteg ze sinn an z.B. eng Mask am ëffentlechen Transport unzehalen.

An England ginn den nächste Méindeg bal all déi nach iwwreg bliwwe Corona-Mesuren opgehuewen. Dem brittesche Premier Johnson no wier elo de richtege Moment dofir komm. Hien huet awer den Opruff gemaach, virsiichteg ze bleiwen. Vun e Méindeg un, gëllt deemno keng Maskeflicht méi, och d’Ofstandsreegele ginn opgehuewen. De Premier réit ënnert anerem am ëffentlechen Transport d’Mask weiderhin unzehalen.