De nationale Wiederdéngscht huet um Mëttwochmoien d'Warnung erausginn, datt 60 Liter de Metercarré kënne méiglech sinn.

Um Mëttwoch kënnen am ganze Land bis zu 60 Liter de Metercarré an den nächsten 12 Stonne reenen.

Dëst mellt d'Meteolux a gëtt eng Warnung eraus. Deemno gouf d'Alerte Jaune op Orange eropgestuuft.

Et kann zu Héichwaasser souwéi zu Iwwerschwemmunge kommen.

RTL

© Meteolux