© Eldoradio
All Informatioune si fir d'Police vun Iechternach.
Um Sonnden, dem 11. Juli koum et Mueres tëscht 11h00 an 11h30 zu enger Poursuite um Grondhaff. Hei war ee gréngen Audi mat lëtzebuergesche Placken dru bedeelegt.
Am Laf vun dëser Poursuite koum et géint eng Rei Verstéiss vum Code de la Route, duerch Iwwerhuelmanöver op oniwwersiichtleche Plazen. Déi ganz Poursuite huet sech vum Grondhaff op Méischtref, an dann zeréck op Déiljen an huet zu Beefort opgehalen. Do konnt den Auto ouni Chauffer op engem Parking fonnt ginn.
D'Police mécht dann elo den Appell un all Persounen déi duerch d'Fuerverhale vum Chauffer a Bedränge oder Gefor gerode waren, wéi och soss all Zeien, sech bei der Police vun Iechternach ze mellen. Dat entweder via Telefon um (+352) 244 72 1000 oder per E-Mail op police.echternach@police.etat.lu