© Eldoradio
Wéi RTL schreift, huet d'Santés-Chamberkommissioun den Avis vum Staatsrot ugeholl. Esou si Schnelltester bis 01:00 Auer an der Nuecht valabel.
Schnelltester sollten ursprénglech bis Mëtternuecht valabel sinn. Nodeems awer Remarke vu verschidden Instanze koume gouf dës Limitt vun der Santés-Chamberkommissioun ugeholl wéi RTL gemellt huet.
Kritik koum vu Säite wéi Handelskummer an den HORECA-Secteur.