© www.pixabay.com
D'Guinness-Buch vun de Rekorder huet e Kino a Südfrankräich zum eelste Kino op der Welt erkläert. Dësen hat seng Dieren 1889 opgemaach.
D'Guinness-Buch vun der Rekorden huet e Kino a Südfrankräich als den eelste Kino op der Welt unerkannt. D'Eden-Filmtheater an der Stad La Ciotat un der Mëttelmierküst wier den eelste Kino vun dëser Zort, dee nach a Betrib ass.
De Kino hat am Joer 1889 seng Diere fir d'Éischt opgemaach an hat Filmer vun de Lumière-Bridder gewisen, déi als Erfinder vun de Kinoe gëllen.
No méi wéi 2 Joer Recherche huet sech dëst gelount, sot de President Michel Cornille. Bis ewell war de Kino am polnesche Stettin den eelste Kino op der Welt. Dësen hat seng Dieren am Joer 1909 opgemaach.