Fir d'Stad Venedeg ze schützen dierfen an Zukunft keng Croisièrë méi op Venedeg fueren. Dëst huet de Kultusminister Dario Franceschini matgedeelt.

Italien verbitt an Zukunft Croisièrë fir op Venedeg. Wéi et heescht géifen d’Croisièresschëffer duerch d’Wellen déi se mat sech bréngen d’Ëmwelt verschmotzen a géifen d’Fundament vun der Stad an d’Ökosystem beschiedegen.

D’Verbuet gëllt fir Schëffer vun iwwer 25.000 Tonnen déi méi wéi 180m laang sinn oder méi héich si wéi 35m. Dëst wier awer déi provisoresch Mesure. Déi grouss Schëffer weie meeschtens 4-Mol méi. D'Moossnam soll fir den 1. August a Kraaft trieden.