© Eldoradio
Eemol um Belval war ee Chauffer opgefall, an zu Esch hat um Mëttwoch Mueren ee weideren ze déif an d'Glas gekuckt.
Um Belval war kuerz no Mëtternuecht am Tunnel Micheville ee Chauffer opgefall wéinst sengem Fuerstil. Eng Policepatrull konnt no enger kuerzer Poursuitte de Chauffer lokaliséieren. Op der Plaz huet de Chauffer zwar nach probéiert mat Hëllef vum Réckwäertsgang ze flüchten, an dobäi ee Beamte liicht blesséiert. Direkt e puer Polizist waren dunn néideg fir de Mann festzehalen. Am Auto goufen ee Knëppel an ee geklaut Stroosseschëld geséchert. Ee Protokoll gouf opgesat.
Um Boulevard J.F. Kennedy zu Esch-Uelzecht huet um Mëttwoch Mueren géint 6h15 eng weider Policepatrull ee Chauffer gestoppt, nodeems dësen als Éischt an ee Schëld geknuppt war an duerno säi Wee ongestéiert weider gefouert huet. De Chauffer war offensichtlech net niichter ënnerwee. Een Alkoholtest huet dann net nëmmen ee positiivt Resultat bruecht, mee och gewisen, dass déi erlaabte Grenz däitlech iwwerschratt gouf. Doropshi gouf de Führerschäin agezunn. Weider gouf de Chauffer no an no ëmmer méi aggressiv an huet och Beamten kierperlech aggresséiert. Duerch säi Behuelen, dat eng Gefor fir sech a fir anerer duergestallt huet ass den alkoholiséierte Chauffer och an der Ausniichterungszell ënnerbruecht ginn.