Wéinst dem ville Reen kann et am ganze Land zu Iwwerschwemmunge kommen.

De Moment mécht de staarke Reen eis hei zu Lëtzebuerg ze schafen. Den nationale Wiederdéngscht huet d’Alerte elo och vun Orange op Rout eropgesat. Dat och nach fir dee ganzen Donneschde mat.

Wéi et weider heescht am Bilan vu Meteolux kann et am Ganze Land zu Iwwerschwemmunge kommen, dat souguer op Plazen déi normalerweis net dovu betraff sinn. Weider Informatioune an Updates ginn et op inondation.lu kucken.

Wéinst dësem Risiko ass dann och de CGDIS en Alerte an huet Moossname getraff fir op déi aktuell Wiedersituatioun ze reagéieren. Um fréie Mëttwoch Owend waren d’Pompjeeën am Land op méi wéi 100 Asäz aktiv. De Gros vun den Asäz bis dohi ware wéinst Beem an de Stroossen oder Kelleren déi ënner Waasser stoungen. Aktuell ginn dann och Sandsäck vum CIS Iechternach ofgefëllt fir a Fäll vun Iwwerschwemmunge kënnen ze reagéieren. Et ass dann och de Rappell vum CGDIS, dass iwwerschwemmte Weeër a Stroossen net solle befuer ginn.

Vun der Stad Ettelbréck ass dann och den Appell, dass d'Leit déi hiren Auto um Niveau -1 vum Parking Däichwise gebiede sinn hiren Auto do ewech ze huelen. Dëst wéinst dem ville Reen.. D'Niveauen 0-3 sinn awer nach den Ament weider accessibel.