Een däitschen Automobilist hat op der N7 tëscht dem Fridhaff an der Lëpschter-Dellt d'Kontroll iwwert säin Auto verluer.

Geschitt ass den Accident e Mëttwoch um 14h20 op der N7 tëscht dem Fridhaf an der Lëpschter-Dellt. De Chauffer, deen eleng am Auto war, hat hei d’Kontroll iwwert säin Auto verluer. Den Auto ass doropshin an d’Schleideren an op d’Géigefuerbunn geroden. Hei gouf den Auto vun engem Camion erfaasst deen op dëser Plaz ënnerwee war. Duerch den Opprall gouf den Auto nees op d’Fuerbunn zeréck geschleidert.

Fir de Chauffer, een däitsche Bierger aus dem Krees Eifel-Bitburg koum all Hëllef ze spéit. De Miess- an Erkennungsdéngscht wéi och d'Police Judiciaire sinn op der Plaz op Uerder vum Parquet vun Dikrech. D’Streck gouf fir de Verkéier gespaart.