© AFP/INA FASSBENDER
Och an Däitschland ass an de leschte Stonne vill Reen erofkomm.
De Reen huet a villen Deeler vun Nordrhein-Westfalen an a Rheinland-Pfalz fir Iwwerschwemmunge gesuergt. Do sinn antëscht 59 Persounen ëm d’Liewe komm. Eleng zu Euskirchen sinn bis elo 8 Doudesaffer gezielt ginn. Et gëtt awer domat gerechent, dass d'Situatioun sech nach weider verschlechtert. Eng weider Persoun gëtt vermësst.
Vill Leit hu missen aus hiren Haiser evakuéiert ginn. Zuchstrecken a Stroosse si gespaart. D'Regierungscheffin aus Rheinland Pfalz, d'Malou Dreyer huet dann och elo annoncéiert, dass 200 Zaldote vun der Bundeswehr an den Asaz geschéckt gi fir de betraffene Regiounen ze hëllefen.
A Rheinland-Pfalz hunn e puer Landkreeser no Iwwerschwemmungen de Katastrophefall declenchéiert. Ënnert anerem d’Vulkan-Eifel, Tréier-Saarburg a Bitburg-Prüm. An der Eifel ginn iwwerdeems eng 30 Leit vermësst, nodeems 6 Haiser an e Koup gefall sinn. 25 weider Haiser riskéieren och an a Koup ze falen.