Bei engem Museks-Festival zu Utrecht an Holland hunn sech ronn 1.000 Gäscht mat Corona infizéiert - trotz Testflicht!

Den hollännesche Gesondheets-Autoritéiten no kéinten d'Zuelen nach klammen. D'Organisateuren hu geschockt reagéiert a betount, dass si sech un all d'Oploe gehalen hätten.

Ronn 20.000 Mënschen waren um 2 Deeg laangen Open Air Festival "Verknipt". Um éischten Dag hunn sech op mannst ronn 450 Visiteure mam Virus infizéiert, den zweeten Dag ronn 500 weider Leit, esou d'Noriichtenagence ANP.

D'Festival-Leit hu missten noweisen, dass se geimpft oder negativ getest waren. Dem Organisateur no gouf den Agang streng kontrolléiert. Fir d'Visiteure gouf een Zäitfënster ageriicht, fir ee Undrang ze verhënneren.