Um Donneschde Muere war d'Chamber zesumme komm fir iwwert dat neit Covid-Gesetz ofzestëmmen.

Nodeems lescht Woch um Pressebriefing vum Regierungsrot dat neit Covid-Gesetz matgedeelt gouf, misst doriwwer elo och ofgestëmmt ginn. Um Donneschden ass dowéinst d'Chamber zesumme komm am Cercle an der Stad.

Dat neit Covid-Gesetz gouf dann och ugeholl, dat mat de Stëmme vun der DP, Déi Gréng, LSAP an CSV wéi och de Piraten. Déi Lénk hu sech enthalen, d'ADR huet géint dat neit Gesetz gestëmmt.

Domat gëllen vu muer un déi nei Mesuren. Deemno si Schnelltester déi een op der Plaz gemaach huet nëmmen nach bis 1 Auer gülteg.