© ANTHONY DEHEZ / AFP
Neisten Informatioune no ass de Bilan vun den Doudesaffer op 27 geklommen, dat mellen d'Autoritéiten um Samschdeg Mëtteg.
Och eist Nopeschland, d'Belsch gouf schwéier vum ville Reen getraff. Besonnesch d'Wallonie huet staark gelidden. Bis elo ginn et 20 Doudesaffer ze bekloen. Aktuell gi nach 20 Leit am Oste vum Land vermësst.
Vill Leit an der Regioun vu Léck si vum Waasser agespaart ginn a kommen net méi aus hiren Haiser eraus. Zu Chaudfontaine mussen 1'800 Persounen evakuéiert ginn. Weider gëtt och domat gerechent dass d'Meuse aus dem Bett klëmmt a weider Iwwerschwemmunge mat sech bréngen. Zu Trooz gestalten d'Rettungsaktioune sech schwiereg.
Eng gutt Noriicht awer: d'Atomzentral zu Tihange gouf vun den Onwieder net getraff a kann normal funktionnéieren.
Update: Um Samschdeg Mëtteg ass d'Zuel vun den Doudesaffer weidere geklommen, mëttlerweil leie mer bei 27 Doudeger.