Och Däitschland kämpft mat Iwwerschwemmungen. Vill Leit ginn nach ëmmer vermësst a vill Leit sinn ouni Stroum.

No de Héichwaasserkatastroph zielt een an Däitschland mëttlerweil 169 Doudesaffer. Honnerten Haiser goufe komplett zerstéiert. Eleng am Bundesland Rheinland-Pfalz sinn 121 Leit duerch d'Iwwerschwemmunge gestuerwen.

D'Bundeskanzlerin Angela Merkel war och um Sonnden op der Plaz fir sech ee Bild vun der Situatioun ze maachen. Et géif wahrscheinlech Joren daueren bis alles nees reparéiert ass. Iwwerdeems ass de Kandidat fir d'Bundeskanzleramt, den Armin Laschet vun der CDU negativ opgefall nodeems ee Video vun em gewise gouf, wéi en am Gaange war ze laachen, bei der Visitt vun de betraffene Regiounen.