Um Freidegnomëtteg war d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert bei eis am Interview. Zur Diskussioun stoungen de Covid-Check oder och d'Impfcampagne.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert war um Freideg am Eldo-Interview. De Chris, d'Catherine an d'Julie hu mat der Ministesch iwwert déi nei Corona-Mesuren, de Covid-Check an iwwert d'Impfcampagne geschwat.

D'Impfcampage geet gutt virun

D'Ministesch ass allgemeng zefridde mam Progrès vun der Impfcampagne. Besonnesch bei deene Jonken: bis elo si 45% vun der jonker Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg schonn ugemellt fir sech impfen ze loossen oder krute schonn eng éischt Dosis.

Et muss ee weiderhi virsiichteg sinn

Weider huet d'Gesondheetsministesch och ënnerstrach, datt de Coronavirus keng einfach Gripp wier, an och Jonker schwéier vum Virus getraff kënne ginn. Um Terrain hätt si ëmmer nees mat Leit geschwat, déi hir erziele konnte wéi sech och bei deene Jonken de Krankheetsverlaf entwéckele kann. Hei spillt och de Long-Covid eng wichteg Roll. Well och Leit déi sech mam Coronavirus infizéiert haten, a wéineg oder guer keng Symptomer haten, trotzdeem nach no der Infektioun mat gesondheetleche Konsequenzen ze kämpfen hunn.

Enn Juli gëtt eng weider Impfcampagne lancéiert

Obwuel ee bei der Santé zwar ganz zefridden ass mam Bilan vun der Impfcampagne, gëtt ee weideren Deel vun der Impfcampagne lancéiert. Dofir wäert de 26. Juli eng speziell Campagne lancéiert gi fir geziilt op d'Gesondheetspersonal anzegoen.

Eng Impfflicht wier net de richtege Wee

Am Interview gouf och iwwert eng Impfflicht zu Lëtzebuerg geschwat. Der Ministesch no wier eng Impfflicht keng Léisung, ma géing éischter dozou bäidroen, datt Leit eng Impfung méi fäerte géifen. Fir d'Paulette Lenert wir et dee richtege Wee iwwert d'Impfung z'informéieren, an de Leit bewosst ze maache wéi wichteg eng Impfung géint Covid-19 wier. Well Bedenken an Ängscht vun de Persounen ze verstoe wieren. Eng Impfpflicht wier do éischter schiedlech, well se weider Ängscht just verstäerke kéint.

Lauschtert eran

De Covid-Check ass eng wichteg Mesure

Iwwert de Covid-Check gouf och geschwat. Der Ministesch no ass de Covid-Check nach ëmmer déi bescht Approche fir sozial Interaktiounen nees méiglech ze maachen, an dat an engem méiglechst séchere Kader. D'Ministesch wier sech awer bewosst, dass et ëmmer een Infektiounsrisiko gëtt, mee e wier awer am Verglach mat engem net gereegelte Kader immens kleng. D'Ministesch begréisst et och, dass verschidden Organisateuren keng Schnelltester méi op der Plaz organiséieren. Net well dës schlecht wieren, mee well se dat schwächst Glidd an der Kette vun de Schutzmesure sinn. Well een ni weess ob d'Persoun se och richteg ausgefouert huet.

Mer hunn awer och nach gefrot, ob Si de Frust vun de Leit mat de Mesure versteet. Dacks gëtt gemengt, dass et keng oder wéineg Kohärenz géif gi bei de Mesuren. Do huet d'Ministesch och Versteesdemech gewisen. Et wier verständlech, dass net alles novollzéibar ass, oder heiansdo onlogesch schéngt. Dës Mesure géifen awer ëmmer getraff ginn, nodeems een eng ganz Palette un Daten an Informatioune verschafft huet.