© INA FASSBENDER / AFP
Wéi d'EU-Kommissiounspresidentin Ursuala von der Leyen op Twitter annoncéiert huet, wier d'EU prett de betraffe Länner ze hëllefen.
D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet op Twitter wësse gedoen, datt d'EU prett wier de Länner déi vun de schwéieren Iwwerschwemmunge betraff wieren, ze hëllefen. Am Onwieder gesäit si e kloren Indice vum Klimawandel.
An der Belsch ass de Bilan vun den Doudesaffer op op d'Mannst 20 geklommen. Donieft war Holland och schwéier vum Onwieder betraff.