Wien a Frankräich areese wëll muss ab Mëtternuecht um Sonndegowend en negativen Test virweisen. Vun dëser Mesure ass Lëtzebuerg net betraff.

Déi franséisch Regierung huet um Samschdeg annoncéiert, datt ee fir d’Areesen aus verschidden europäesche Länner e negative Coronatest muss virweisen dee net méi al wéi 24 Stonnen dierf sinn.

Vun dëser Mesure betraff sinn Holland, Groussbritannien, Spuenien, Portugal, Zypern a Griicheland. Dëst soll um Sonndeg ab Mëtternuecht a Kraaft trieden.

Lëtzebuerg ass net betraff.