© Eldoradio
D'Police mellt verschidden Infraktiounen vun Freideg Owend.
Kuerz virun Hallefnuecht ass um Freideg Owend e Passant vun engem Mann op der Paräisser Plaz an der Stad ugegraff ginn. De Passant huet no der Dot direkt d'Police kontaktéiert ass dem Täter nogaange bis d'Police op der Plaz war. Bei der Kontroll vum presuméierten Täter ass dunn opgefall, dass hien illegal a mat gefälschte Pabéieren sech am Land opgehalen huet.
De Mann ass festgeholl ginn an de Moien dem Untersuchungsriichter virgeféiert ginn.
Zu Ettelbréck hat dann eng Persoun en Abroch bei sech doheem gemellt, dat nodeems si eng friem Persoun an hirem Haus ugetraff hat. Den Abriecher hat sech duerch d'Aschloe vun enger Fënster, Zougang an d'Haus verschaf. Wei de Proprietär dunn heem komm ass, war den Abriecher grad amgaange mat sengem Hond duerch déi ageschloe Fënster d'Haus erëm ze verloossen. Hien ass nach op der Plaz festgeholl ginn an ass um Samschdeg Moie virun den Untersuchungsriichter komm.
An an der Stad ass et dann nach zu engem éischter spezielle Virfall komm. Hei krut e Mann op engem Busarrêt säi Geld aus der Täsch geklaut nodeems hie vum Täter ugedanzt an ugepaakt gi war. Dëst war dem Affer allerdéngs réischt kuerz duerno opgefall. Eng Enquête ass hei ageleet ginn.