© Police
D`Police mellt, dass um Freideg Owend am Ganze 6 Chaufferen hire Permis missten ofginn, well si ze vill gedronk haten.
Kuerz viru 6 hat e Chauffer der Police zu Esch d'Virfaart geholl an ass doropshi kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Permis ass agezu ginn.
Op enger Tankstell um Wandhaff ware géint 3 Auer de Moien eng gréisser Grupp u jonke Leit, déi sech donieft beholl hunn. Eng Persoun vun hinne war mam Auto do an hat offensichtlech ze vill gedronk. Hien huet missen säi Führerschäin ofginn.
E Mann deen an der Géigend vun der Haaptstrooss zu Schengen, déi nach wéinst dem Héichwaasser gespaart ass, a sengem Auto um Chaufferssëtz souz ze schlofen, misst vun der Police erwëscht ginn. Och säin Alkoholtest war positiv, hie krut de Führerschäin ofgeholl an ass aus der Gefor-Zone fortbruecht ginn.
Zwee weider Chauffere ware wéinst hirer Fuerweis der Police opgefall, dëst eemol zu Miersch an eemol um Wandhaff. Beit Chauffere kruten de Führerschäi wéinst Alkohol ofgeholl.
An zu Esch ass eemol e Chauffer opgefall, well hien an der Mëtt vun der Strooss a vill ze séier gefuer ass. Dësem konnt bei enger Kontroll ze vill Alkohol nogewise ginn, ma d'Police hat och nach e Verdacht op Drogekonsum. De Chauffer huet sech allerdéngs geweigert en virgeschriwwenen Test op Drogen ze maachen, wouropshin hien dunn de Führerschäin ofgeholl krut an eng Plainte géint hien erstallt gouf.
En anere Chauffer war zu Esch opgefall, well dëse kuerz virdru scho bal en Accident op der A4 a Richtung Esch verursaacht hat. Hie konnt zu Esch dunn gestoppt ginn an säin Alkoholtest war iwwert dem maximal zoulässegen Héchstwäert. Géint de Chauffer louch schonn e Fuerverbuet wier. De Parquet huet eng Plainte gemaach.