Zu Böblingen an der Géigend vu Stuttgart ass um Samschde Moien e Fliger erofgefall.

Eng "Piper", ee klenge Fliger, war um Samschde Moie kuerz virun 10 Auer zu Stuttgart um Fluchhafe gestart. Kuerz nom Start huet een Zeie gemellt, dass d'Maschinn an engem Bësch erofgefall wier.

Der Police no huet keen d'Accident iwwerlieft. D'Identitéiten, wéi och d'Ursaach vum Accident sinn nach onkloer.

D'Pompjeeë sinn op der Plaz a sichen no weideren Deeler vum Wrack fir méiglech Grënn vum Accident erauszefannen.