Wéi de CGDIS matdeelt, koum et zu engem Accident um Samschdegowend an zu zwee Accidenter um Sonndegmoien.

De CGDIS mellt een Accident tëschent zwee Autoen zu Garnech op der Dräi-Kantonstrooss kuerz virun 10 Auer um Samschdegowend. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Koler an d'Ambulanz vu Mamer.

Um Sonndegmoie koum et zu engem Accident tëschent zwee Autoen um Belval géint hallwer 7. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn an op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng.

Ee weideren Accident mellt de CGDIS um Sonndegmoie kuerz no 7 Auer op der Hierheck bei Eschduerf. Hei krut een Auto ee Bam ze packen an et gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vum Aleb an d'Ambulanz vu Réiden.