Deeler vu Bayern a Sachsen si vu schwéieren Iwwerschwemmunge getraff ginn. Mënsche missten evakuéiert ginn an eng Persoun ass ëm d'Liewe komm.

Iwwerschwemmte Stroossen, eng Rei Äerdrëtsch, evakuéiert Haiser an op d'mannst 1 Doudesaffer, dat ass een éischte Bilan no staarkem Dauerreen a Sachsen a Bayern an Däitschland.

No dem staarke Reen huet de Landkrees Berchtesgadener Land an Oberbayern den um spéide Samschdegowend de Katastrophefall ausgeruff. Hei ass eng Persoun ëm d'Liewe komm.

Schlëmm getraff hat et virun allem de Südoste vu Bayern, wou d'Waasser iwwert d'Ufer vum Floss Ache getrueden ass a Stroossen an Haiser iwwerschwemmt huet.

Iwwer 100 Liter pro Quadratmeter huet et pro Stonn gereent. D'Zuchstreck vun Däitschland fir an Tschechien ass ënnerbrach ginn.