© Behrouz MEHRI / AFP
Kuerz virum Start vun de Summerspiller hunn sech weider Persoune mam Coronavirus ugestach.
3 Athleten an 1 Member vum Internationalen Olympesche Comité goufe positiv op de Coronavirus getest, esou d'Organisatioun vun Olympia.
Beim Comités-Member handelt et sech ëm de fréieren Dëschtennis-Olympiagewënner Seung-Min Rye. Bei den 3 Sportler ass net bekannt ëm wien et sech handelt. Si sinn awer all aus dem selwechten auslänneschen Team.
D'Corona-Verhalensreegele fir d'Olympia sinn iwwer 200 Säite laang an d'Spiller fannen ouni Publikum statt. Sollt sech d'Situatioun mam Coronavirus awer verbesseren, fuerdert de President vun Olympia Lockerungen.