De brittesche Premierminister Boris Johnson muss a Quarantän. Dat well hie Kontakt mat enger Persoun hat déi sech mat Corona infizéiert huet.

De brittesche Premier Boris Johnson muss a Quarantän. Dat well hie Kontakt mat enger infizéierter Persoun hat. Souwuel hie wéi och de Finanzminister Rishi Sunak wäerten an der kommender Woch mobil schaffen, esou d'Downing Street um Sonndeg.

Um Samschdeg war eng Corona-Infektioun vum Gesondheetsminister Sajid Javid bekannt ginn. Hien selwer huet annoncéiert fir 10 Deeg an Autoisolatioun ze goen.

De Johnson an de Sunak géifen nëmmen deelweis a Quarantän goen. Aktuell leeft e Pilotprojet andeems een deeglech Coronatester mécht an esou eng komplett Isolatioun géing aus dem Wee goen.