D'EU läit neiste Statistiken no virun den USA bei den Impfunge géint Covid-19. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP.

An der europäescher Unioun si prozentual méi Mënsche géint de Coronavirus geimpft wéi an den USA. Den EU-Industriekommissär Thierry Breton an den Europastaatssekretär vu Frankräich Clément Beaune hunn dëst um Samschdeg iwwer Twitter annoncéiert.

Deemno hunn 55,5% vun den EU-Bierger op d'Mannst eng éischt Dosis vum Corona-Impfstoff kritt. An den USA sinn et 55,4%.

Trotz méi Disponibilitéit vun Impfstoff an den USA huet d'Vitess vun den Impfungen nogelooss. Dëst ass op eng wäit verbreet Impfskepsis zeréckzeféieren.