Iwwert de Weekend haten nawell eng Rei Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt. Deemno gouf de Permis agezunn an e Fuerverbuet ausgestallt.

Iwwert de Weekend ass et uechtert Land zu Verkéiersaccidenter komm. De Permis war bei alle Fäll dono fort an e provisorescht Fuerverbuet gouf och ausgestallt.

Zu Hesper war en alkoholiséierten Automobilist um 04:00 Auer an der Nuecht op e Sonndeg géint stationéierten Auto an der Diddenuewenerstrooss geknuppt. De geparkten Auto ass dobäi e Puer Meter ewechgeschleidert ginn. De Chauffer gouf net blesséiert. Béid Autoe ware staark beschiedegt a bei engem weidere Won ass liichte Materialschued entstanen.

Zu Ettelbréck ass et an der selwechter Nuecht kuerz virun 01:00 Auer zu engem Verkéiersaccident an der rue de la Synagogue komm. Zwou Automobilistinne goufen net blesséiert. Déi schëlleg Chauffesch hat den anere Won deen um Parke war, iwwersinn an ass géint dëse gefuer wéi d'Police schreift. Et gouf e positiven Alkoholtest deen 3-Mol iwwert dem legale Beräich war, bei der schëlleger Fuererin festgestallt.

Um Samschdegowend kuerz virun 22:00 Auer ass eng Chauffesch mat hirem Auto an der rue des 3 Cantons zu Garnechan de Géigeverkéier gerode wéi et zu enger Frontalkollisioun mat engem Auto komm ass deen entgéint koum. Den Alkoholtest bei der schëlleger Chauffesch war positiv woubäi déi legal Norm iwwerschratt gouf.
D'Fra gouf fir weider medezinescher Behandlung an d'Spidol bruecht wou och d'Blutt kontrolléiert gouf. D'Automobilistin aus dem zweete Won gouf net blesséiert. En Alkoholtest war och hei positiv. Deemno gouf si protokolléiert a krut 2 Punkten op de Permis. Béid Autoe ware net méi funktionell a hu missen ofgeschleeft ginn.

Donieft goufen an der Lëtzebuergerstrooss zu Diddeleng, an der rue Marechal Foch a rue Adolphe Fischer an der Stad Permise confisquéiert. Och zu Leideleng an der rue de la Poudrerie gouf de Permis agezu souwéi 2-Mol zu Esch an der Avenue du Swing.