Um Freidegowend hate Brigange Material vun enger Baustell zu Biissen matgoe gelooss. D'Police konnt d'Material sécherstellen.

Géint 22:30 Auer um leschte Freidegowend konnten zwou Persounen zu Biissen ermëttelt ginn, nodeems si onerlaabt op eng Baustell an der Béiwenerstrooss gaange sinn. Dëst gouf der Police gemellt.

Béid Persoune ware mat engem Auto fortgefuer a goufe verdächtegt Material op der Baustell geklaut ze hunn.

Bei der Kontroll vum Auto gouf an der Mall Renovéierungsmaterial fonnt. Déi geklaute Wuer gouf confisquéiert an dem Proprietaire zeréckbruecht.

Géint béid Brigange gouf eng Plainte deposéiert.