Wéi de CGDIS mellt goufen et um Sonnden Owend, respektiv um fréie Méinde Mueren eng Rei Accidenter mat Blesséierten.

Am Ganzen ass de CGDIS fënnef mol wéinst Accidenter geruff ginn. Eleng um Sonnden Owend goufen et 4 Accidenter mat engem Blesséierten. Dovun ee Schwéierblesséierten no engem Accident tëscht Bech-Klengmaacher a Réimech. Hei kruten sech een Auto an ee Moto ze paken. Op der Plaze waren Asazween vu Réimech a Schenge wéi och de SAMU.

Um Méinde Muere géint hallwer 3 gouf et dann ee weideren Accident tëscht Waldbriedemes an Aassel. Hei hat sech een Auto op d'Kopp gedréint. Eng Persoun gouf hei am Auto ageklemmt a liicht blesséiert. Op der Plaz waren Asazween aus der Stad, Duelem a Mutfert. Och de SAMU war hei op der Plaz.