De Premierminister Boris Johnson huet vun engem "Dag vun der Fräiheet" geschwat. Wëssenschaftler gesinn dëse Schrëtt kritesch.

Obwuel d'Zuel vun den Neiinfektiounen a Groussbritannien nees immens klëmmt, goufen um Méinde praktesch all d'Corona-Restriktiounen opgehuewen. Deemno muss ee keng Mask méi undoen. Weider muss och keen Ofstand méi gehale ginn an et keng Limitt méi fir d'Unzuel u Leit déi an engem zouene Raum dierfe beienee kommen.

De Premierminister Boris Johnson d'Leit dozou opgeruff weider virsiichteg ze sinn, ma dësen Dag awer och een "Dag vun der Fräiheet" genannt. De Boris Johnson wäert dësen Dag awer a Quarantän verbréngen nodeems de brittesche Gesondheetsminister Sajid Javid.