Wien eppes gesinn huet soll sech bei der Police mellen.

Um Sonnden Owend géint 23h10 souz een Hondsbesëtzer zu Iechternach an der Route de Luxembourg, dëst bei der Bushaltestelle "Belle Vue". De Mann hat säin Hond bei sech, dëst ee klenge Yorkshire Terrier. Een onbekannte Mann ass du laanschtkomm deen ee gro-wäissen, mëttelgroussen Hond dobäi hat. Beim Laanschtgoen huet dee gréisseren Hond de Yorkshire Terrier gebass. Den onbekannte Hondsbesëtzer ass duerno a Richtung "Rue des Remparts" geflücht.

Dee gesichte Mann ass ongeféier 1,85 Meter grouss, ëm déi 30 Joer al an hat eng scho méi al, däischter Kleedung un.

Wien Informatiounen zu dësem Virfall, dem Hondsbesëtzer oder dem Hond huet, soll sech entweder via Telefon bei der Police vun Dikrech/Veiane mellen ënnert der Nummer +352 244 801 000 oder via E-Mail ënnert police.echternach@police.lu.

Den Telefon vun Policekommissariat Iechternach ass de Moment net erreechbar.