Um Méindegmoien huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de Bilan iwwert d'Iwwerschwemmunge vu leschter Woch gezunn.

Um Méindegmoien huet d'Ëmweltministesch den aktuellen Informatiounsstand no den Iwwerschwemmunge ginn.

Wéi d'Ministesch gesot hätt, wieren op ville Plazen nei Héchststänn vum Waasserpeegel gemiess ginn. Donieft géif op ville Plazen nach Aarbecht um Terrain opstoen, ma et wier ee scho wäit komm.

Deemno hunn ASTA a Meteolux um Findel an zu Guedber zwee nei Rekordwäerter gemiess. Um Findel si bannent 24 Stonne Reen 79,4 Liter op de Metercarré an zu Guedber 105,7 Liter op de Metercarré enregistréiert ginn.

Aktuell ginn et nach Problemer mam Drénkwaasser an 3 Gemengen. Dorënner d'Gemeng Beefort, Biissen a Lëntgen.