D'Police huet um Méindeg eng Festnam vun engem Mann zu Keel gemellt, deen en Auto a Brand gestach huet a seng Ex-Frëndin menacéiert huet.

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg hat e Mann seng fréier Partnerin an engem Lokal zu Keel an der Grand-Rue an deem si geschafft huet, no der Fermeture géint 01:50 Auer opgesicht. Deemno huet de Mann si belästegt a probéiert an d'Lokal eranzekommen.

De Mann war sichtlech opgereegt nodeems him d'Entrée refuséiert gouf, wouropshin de selwechten hefteg géint Fënster geschloen huet.

Kuerz méi spéit ass de Mann geflücht nodeems hien den Auto vun der Fra a Brand gestach huet an 3 Pneue mat engem spatze Géigestänn beschiedegt huet. De Mann konnt ufanks net ugetraff ginn.

D'Feier konnt geläscht ginn iert d'Pompjeeën op d'Plaz komm sinn. Doropshi gouf d'Police vum Parquet beoptraagt d'Spueren z'ënnersichen.

Géint 09:30 Auer war der Police eng verdächteg a staark alkoholiséiert Persoun zu Diddeleng gemellt ginn. Wéi d'Police schreift huet et sech ëm de gesichte Mann gehandelt. Dësen huet a Presenz vun de Policebeamte Morddrounge géint seng fréier Partnerin geäussert.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann wéinst presuméierter Brandstëftung an de geäusserte Morddrounge géint eng Persoun festgeholl.

Hien koum um Méindegmoie virun den Untersuchungsriichter. De Mann koum an Untersuchungshaft.