Am Ganze ware Läschween aus siwe CGDIS-Zenteren am Asaz fir de Brand ënner Kontroll ze kréien.

De Brand war an der Nuecht vun e Méinden op en Dënschden ausgebrach, am Keller vun engem Eefamilljenhaus. Fir de Brand nees ënner Kontroll ze kréie ware Läschween vu vu Miedernach, Konsdref, Dikrech, Iermsdrëf, Noumer, Waldbëlleg an och aus der Fiels am Asaz. D'Pompjeeë missten 3 Persounen aus dem Haus evakuéieren.

Beim Brand goufen am Ganze 4 Persoune liicht blesséiert. Aus dësem Grond waren da Rettungsween vun Ettelbréck, der Fiels, Lëntgen wéi och de Samu op der Plaz.