Den 20. Juli gedenkt een an der Belsch den Affer duerch d'Iwwerschwemmunge vu leschter Woch.

Um 12h00 en Dënschdeg ass am Kader vun dëser "Journée de deuil" och eng Schweigeminutt an der ganzer Belsch ugesat. Zu Bréissel wäerten zu dem Moment dann och all d’Busser, Metro an Trame stoe bleiwe wéi d'Bedreiwer vum ëffentleche verkéier an der Haaptstad matgedeelt hunn.

An der Belsch, méi genee an der Province de Liège sinn duerch de staarke Reen an d’Iwwerschwemmungen 31 Mënschen ëm d’Liewe komm. Dëst ass weiderhin dee provisoresche Bilan.

Weider sinn dosenden Haiser sinn an ee Koup gefall gewiescht. Um Dënschde Muere sollen de belsche Kinnek an de belsche Premierminister Alexander de Croo op Verviers goe fir op dëser Plaz d'Doudesaffer ze éieren.