E Méindeg den 19. Juli koum et géint 16h40 zu engem Accident tëscht zwee Autoen. D'Police sicht no Zeie vum Accident.

E Méindeg géint 16h40 waren um Salzhaff zu Hollerech op der Héicht vun der Rue de Bouillon zwee Autoen anenee gerannt. Ee groe Ssang Yong Rodius an ee roude VW Golf.

Fir ze kläre wéi et zum Accident konnt kommen, sicht d'Police no eventuellen Zeien.

Stater Police:

Tel: (+352) 244 401000 oder per E-Mail: police.luxembourg@police.etat.lu