Den éischten, bemannte Fluch vun der Raumfaartfirma Blue Origin ass gegléckt. U Bord ware gläichzäiteg de jéngsten Astronaut an déi eelsten Astronautin.

Et ass den nächste Milliardär deen nom Richard Branson erfollegräich an den All geflunn ass.

De Jeff Bezos, Grënner vum Amazon a Chef vun der Raumfaartfirma Blue Origin ass erfollegräich an den All geflunn an zeréck op der Äerd gelant.

Ronn 10 Minutten huet de Fluch gedauert. Den Datum vum 20. Juli ass speziell gewielt ginn. Viru genee 52 Joer sinn déi éischt Astronauten um Mound gelant.

U Bord vun der “New Shepard” Kapsel ware gläichzäiteg déi jéngste Persoun mat 18 Joer an déi eelste Persoun mat 82 Joer déi am All waren.

RTL

© Screenshot Blue Origin