Et ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vu 7.399 Tester waren der 89 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé en Dënschdeg matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Virus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder op 821.

Am Moment leie 19 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 6 op der Intensivstatioun.

Antëscht sinn 304.924 Mënschen zu Lëtzebuerg vollstänneg géint de Coronavirus geimpft.