D'Police huet um Méindegmoie gréisser Drogekontrollen op der Gare zu Beetebuerg duerchgefouert a konnte Marihuana an Haschisch sécherstellen.

D'Police huet um Méindegmoie mat enger Dose Polizisten, zwee Spierhënn an engem passiven Drogenhond eng gréisser Drogekontroll am ëffentlechen Transport op der Gare zu Beetebuerg duerchgefouert.

Am Zuch Metz-Lëtzebuerg ass de Policehond op e Gepäck vun engem Passagéier opmierksam ginn. An dësem Gepäck konnt 1 Kilo Marihuana séchergestallt ginn.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl deen um Dënschdegmoie virun den Ënnersuchungsriichter koum.

Donieft goufe kleng Quantitéite vun Haschisch confisquéiert an eng Plainte wéinst Drogebesëtz gouf géint déi concernéiert Persounen deposéiert.