An dat méi staark wéi erwaart.

Wéi d'ADEM matgedeelt huet läit de Chômage-Taux hei zu Lëtzebuerg bei 5,7% um Enn vum Mount Juni. Uganks des Jores louch dësen Taux nach bei 6,4%.

Besonnesch bei deene Jonken ënner 30 Joer weist sech hei ee positiven Trend: elo sichen 31,2% manner Jonker no enger Aarbecht ewéi nach d’lescht Joer.
Ma eleng am Mount Juni goufen och 2'234 nei Plaze geschaf. Iwwerhaapt hat d'ADEM fir de Mount Juni ganzer 498'835 Plazen disponibel déi vu Leit déi no Aarbecht siche kënne besat ginn.