An engem Schoulbus, dee vum Clierfer Lycée op d'Wemperhaart gefuer ass, koum et zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer Persounen.

En Donneschdeg den 8. Juli koum et géint 17h00 am Schoulbus mat der Nummer 688, vum Clierfer Lycée op d'Wemperhaart, zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer Persounen.

Dat, nodeems de voll besate Bus wéinst verbalen Ausernanersetzungen ënnert de Fuergäscht, an der Rue d'Asselborn zu Ëlwen stoe bliwwen ass.

Weider Detailer huet d'Police net matgedeelt.

An deem Zesummenhang sicht d'Police no méiglechen Zeien, déi de Virfall matkruten.

D'Police vun Ëlwen kann ee folgendermoosse kontaktéieren:

Tel.: (+352) 244 87 1000 oder per E-Mail: police.troisvierges@police.etat.lu