Wéi et heescht wëll den Ausseminister Jean Asselborn wëll EU-wäit Referendumen aféieren. Donieft wënscht hie sech den Ausschloss vun Ungarn aus der EU.

Wéi de Ausseminister dem däitsche Spiegel gesot huet, géif hien sech e Referendum iwwer den Ausschloss vun Ungarn aus der EU wënschen. Et misst een decidéieren ob een den ungaresche Regierungschef Orbàn nach toleréiere wëll.

Hien wier iwwerzeegt, datt d’Majoritéit sech en Ausschloss vun Ungarn aus der EU wënscht. Dowéinst misst een iwwerleeën EU-wäit Referendumen anzeféieren.

De Victor Orbàn hat viru kuerzem e Gesetz ugekënnegt, dat d'Informatiounsrechter fir Jonker iwwer Homosexualitéit an Transsexualitéit aschränke soll. Deemno gëtt awer e nationaalt Referendum ofgehalen.