Zu Beetebuerg ass en Aarbechter vun engem Onbekannten attackéiert a blesséiert ginn.

Wéi d'Police schreift koum et um Mëttwochmoien zu enger Attack op en Aarbechter an engem Firmegebai zu Beetebuerg an der Route de Mondorf.

Deemno hat een Aarbechter en onbekannte Mann an de Büroe vum Gebai ugetraff. Den Onbekannten hat sech am Viraus onerlaabt Accès verschaaft.

Et koum doropshin zu enger Ausernanersetzung tëscht béide Männer. Weider schreift d'Police, datt den Onbekannte mat enger Geschierkëscht dem Aarbechter e Coup op de Kapp ginn huet.

Den Täter huet sech doropshin duerch d'Bascht gemaach.

Hien ass ongeféier 1,75m grouss, hat en T-Shirt un an huet en Tattoo op engem Aarm an hat donieft e Buff mat engem Firmelogo un.

D'Affer huet missen an d'Spidol bruecht ginn.

All Indice gi vun der Police vun Diddeleng traitéiert. Dat per Tel: 244 69 1000 oder per E-Mail: police.dudelange@police.etat.lu.