Dëst virun allem wéinst der Regelung ronderëm Nordirland.

Wéi et vu London heescht, wëllen d’Britte verschidden Deeler vum Brexit-Deal nei verhandelen. Um Mëttwoch sot den David Frost, dee mam Brexit-Deal beoptraagt war, dass ee "wichteg Ännerungen" am Deal bräicht. Dat besonnesch fir deen Deel vum Accord, dee sech ëm d’Relatiounen tëscht Nordirland an der EU dréint.

Nordirland dierf nom Brexit-Deal nach ëmmer vun de Reegele vum EU-Marché profitéieren. Dës Ausnam gouf agesat fir Spannungen tëscht der Regioun an dem EU-Memberstaat Irland ze verhënneren.

Vu Bréissel gouf et dann awer schonn eng kloer Ofso punkto nei Verhandlungen. Den EU-Kommissiounsvizepresident Maros Sefcovic sot zwar, dass ee bereet wier no "kreative Léisungen am Kader vum Protokoll ze sichen" ma eng Nei-Verhandlung vun de Bedingunge géif awer net a Fro kommen.