Virun allem Roum ass staark betraff an huet mat villen Neiinfektiounen ze kämpfen.

Effektiv koume nodeems Italien als Gewënner aus der EM-Finall eraus komm ass ganz vill Leit beieneen. Dat gréisstendeels dann ouni déi sanitär Mesure wéi Masken oder Ofstand ze respektéieren. Elo klammen d’Zuele vun den Neiinfektioune nees immens séier.

Ganz besonnesch betraff ass do Roum. Do hu sech d’Neiinfektioune verfënneffacht. Nieft der Finall wieren awer och déi 4 Matcher, déi wärend der EM an Italie gespillt goufen, ee Grond fir déi héich Neiinfektiounen. Am meeschte verbreet sech da wéi a ganz villen anere Länner d'Delta-Variant.