Duerch eng séier Récksprooch tëscht der däitscher a lëtzebuergescher Police konnt séier gehandelt ginn.

Nodeems um Dënschden géint 17h40 an engem Akafszenter zu Tréier een Déifstall begaange gouf, sinn déi dräi Verdächteg mat engem Auto geflücht, dee lëtzebuergesch Placken hat. D'Police vun Tréier huet doropshinn d'Police hei zu Lëtzebuerg kontaktéiert.

Esou konnten d'Beamten hei zu Lëtzebuerg den Auto knapps eng Stonn no der Dot op der A1 op der Héicht Mënsbech stoppen. Wéi d'Polizisten dunn den Auto duerchsicht hu konnten déi geklauten Produite geséchert ginn. Et huet sech hei ëm eng Partie Parfumen gehandelt. Et gouf ee Protokoll opgesat