Wéi däitsch Medie um Donneschdeg gemellt hunn, soll Lëtzebuerg als einfacht Risikogebitt erkläert ginn.

Déi däitsch Bundesregierung wëll Spuenien an Holland engem Medierapport no um Freideg zu Héichinzidenzgebitter erklären. Donieft soll Lëtzebuerg als einfacht Risikogebitt agestuuft gi wéi däitsch Medien um Donneschdeg gemellt hunn.

Spuenien gëllt zënter méi wéi enger Woch als einfacht Risikogebitt, Holland zënter leschtem Sonndeg.

Deemno wäerte fir Héichinzidenzgebitter Quarantänreegelen ufalen. Touriste mussen no der Réckrees an eng Quarantän vun 10 Deeg goen déi een awer mat engem negative Corona-Test evitéiere kann.

Prinzipiell gëllt fir Leit déi aus Risikogebitter kommen 3G-Reegel. Dat heescht, et ass een entweder geheelt (1G), dëst no enger Corona-Infektioun, geimpt (2G) oder getest (3G).