De 14 Joer ale Hugo Millan ass um Sonndeg no engem uergen Accident wärend der Course a Spuenien ëm d'Liewe komm, esou d'Organisateuren.

E 14 Joer ale spuenesche Motorennfuerer ass um Sonndeg bei enger Course um Circuit zu Alcaniz ëm d'Liewe komm, esou d'Organisateuren.

De 14 Joer ale Hugo Millan ass no engem schrecklechen Accident wärend der Course gestuerwen. Den Hugo Millan huet um European Talent Cup deelgeholl an ass 13 Ronne virun Enn vun der Course vu sengem Moto gefall.

Enger spuenescher Zeitung no konnt de Moto hannert dem Millan hien net evitéieren a krut de Jonken um Réck an um Genéck ze paken.

De roude Fändel gouf direkt gewisen, ma de Jonke gouf op der Plaz traitéiert iert hien an d'Spidol bruecht ginn ass. D'Course gouf direkt ënnerbrach.

Den European Talent Cup ass eng vun de gréisste Competitiounen am Motorsport fir Jonker an de professionelle Beräich eranzekommen.