An enger Question parlementaire huet de Piraten-Deputéierte Sven Clement gefrot op dës Praktik iwwerhaapt legal ass.

Wéi et an der parlamentarescher Ufro heescht, wieren op de soziale Netzwierker Fotoen zirkuléiert op deene Leit bei engem Event verschidde Bännercher unhaten. Dës solle gewisen hunn, wéi eng Gäscht geimpft, getest, nees gesond sinn oder een Test op der Plaz gemaach hunn.

Esou wollt de Piraten-Deputéierte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob et iwwerhaapt legal wier fir een Organisateur vun Events esou ee Bännercher-System ze benotzen. Dëst géif géint d'Prinzipen vum Dateschutzgesetz goen esou den Sven Clement weider a senger parlamentarescher Ufro.

Wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert sot, géif si keng Kentniss vun esou enger Praktik hunn. Esou ee System misst awer natierlech conforme si mam GDPR-Gesetz. Wann eng betraffe Persoun awer d’Gefill hätt, dass hir Privatsphär doduerch beanträchtegt gouf, kéint zu all Moment zu dëser Problematik eng Plainte bei der Police gemaach ginn.