Dat ëmstriddent Gesetz gouf elo vum franséische Parlament ugeholl. D'Protester a Frankräich sinn um Weekend weider gaangen.

Elo ass et offiziell: an Zukunft gëtt et eng Impfflicht fir d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur. Och dovu betraff si Pompjeeën an aner Rettungsdéngschter. Wa Leit, déi an dësem Secteur schaffe refuséieren sech impfen ze loossen, riskéieren se kee Salaire méi bezuelt ze kréien.

Weider gesäit dëst neit Gesetz fir dee sougenannte "Gesondheetspass" a weider Beräicher anzesetzen. Esou mussen net geimpfte Persoune vun August un sech och teste fir dierfen an de Restaurant ze goen oder den Zuch ze huelen. Bis ewell gëllt des Test-Flicht schonn a Kinoen, Theateren a Muséeën.

Nach um Weekend gouf a Frankräich géint dëst neit Gesetz demonstréiert. Zéngdausende Leit waren op der Strooss fir ze weisen, dass si net d'Accord si mam Gesetzestext. Eleng zu Paräis ware ronn 160'000 un de Protester bedeelegt.