Ronn annerhallef Woch no der Héichwaasser-Katastroph am Weste vun Däitschland sinn op en Neits Mënschen duerch d'Wieder ëm d'Liewe komm.

An den däitsche Bundeslänner Berlin, Sachsen, Brandenburg, Schleswig-Holstein a Bayern huet et zënter e Sonndeg den Owend staark gereent. Eng ganz Partie Kelleren a Stroossen waren hei iwwerschwemmt ginn. De leschten Informatiounen no, si bis ewell op d'mannst 2 Mënsche wéinst dem Reen ëm d'Liewe komm. An der sächsescher Stad Weißwasser ass e 67 Joer ale Mann gestuerwe well hien en elektresche Schlag krut ewéi hie säi Keller ausgepompelt huet. An der bayrescher Gemeng Eglfing war e Jeeër ëm d'Liewe komm, wéi den Hochsitz, op deem hie souz, wéinst dem Wand zesummegebrach war.